Spille
mir ?
Blue flags Red flags
background

Svāgatam

Wëllkomm !

NEPALI KHEL, gëtt Iech offréiert vun der ONGD-FNEL, Scouten & Guidë Lëtzebuerg …

Klickt op « Spille mir ?  » a leet äre Benotzerkont un. Dat erméiglecht iech, är Punkten zesummenzezielen an esou d’Distanz zréckzeleeën, déi iech vum Nepal trennt ! All gewonnene Punkt bedeit 10 zousätzlech Kilometer um Parcours, awer dir musst d’Partie gewannen fir är Punkten kënnen ze validéieren.

Dir hutt d’Méiglechkeet no all Fro op « Plus d’infos » (Zousazfro) ze klicken fir méi iwwert de Sujet gewuer ze ginn. Dir kënnt och de Recapitulatif vun de Froen / Äntwerten vun all Partie um Enn vum Spill consultéieren andeems der d’Ikon mam oppene Buch uklickt.

Nach e klenge Rotschlo : Passt op, datt der net op d’Case vum Yeti faalt, soss musst der Spill nees vu vir ufänken !

Wierfelen: Geheit d’Wierfelen an deem der dropklickt.
Opgepasst op d’Lächer an der Strooss ! Faalt der dran, da verléiert der 3 Punkten !
Fro : Wann der richteg op d’Fro mat méi verschidde Méiglechkeeten äntwert, gewannt der Punkten. Verschidde Froen kënnen méi richteg Äntwerten hunn, dir kënnt awer nëmmen 1 selektionnéieren. -Wann et nëmmen 1 richteg Äntwert op d’Fro gëtt an dir wielt déi un, gewannt der 15 Punkten. -Wann 2 Äntwerte richteg sinn an dir klickt 1 un, gewannt der 10 Punkten. -Wann déi 3 Äntwerte richteg sinn, kritt der 5 Punkten.
1, 2, 3 : Wann der op dës Case kommt, entdeckt der eng nei Plaz am Nepal a gewannt 5 Punkten bei all Passage.

Mir hoffen, datt dëst Spill iech erméiglecht méi iwwert dat faszinant Land Nepal ze léieren.

Vill Spaass a Freed um Entdecken vum Nepal !

D’Equipe vu der ONGD-FNEL