Klickt op « Spille mir ? » a leet äre Benotzerkont un. Dat erméiglecht iech, är Punkten zesummenzezielen an esou d’Distanz zréckzeleeën, déi iech vum Nepal trennt ! All gewonnene Punkt bedeit 10 zousätzlech Kilometer um Parcours, awer dir musst d’Partie gewannen fir är Punkten kënnen ze validéieren.
Dir hutt d’Méiglechkeet no all Fro op « Plus d’infos » (Zousazfro) ze klicken fir méi iwwert de Sujet gewuer ze ginn. Dir kënnt och de Recapitulatif vun de Froen / Äntwerten vun all Partie um Enn vum Spill consultéieren andeems der d’Ikon mam oppene Buch uklickt.
Nach e klenge Rotschlo : Passt op, datt der net op d’Case vum Yeti faalt, soss musst der Spill nees vu vir ufänken !
Mir hoffen, datt dëst Spill iech erméiglecht méi iwwert dat faszinant Land Nepal ze léieren.
Vill Spaass a Freed um Entdecken vum Nepal !
D’Equipe vu der ONGD-FNEL